Hunneg

Eisen 100 % eegenen Hunneg kënnt aus der Muselregioun a gëtt an héichwäertegen Zorten ugebueden.

Marque Nationale

Et ass eis wichteg eng héich Qualitéit un Produiten ze liwweren. Eisen Hunneg gëtt dofir ënnert dem Label vun der Marque Nationale verkaf an och kontrolléiere gelooss.

Am Fréijoer sammelen d’Beie Pollen an Nektar aus Uebstbléie vu Kiischtebeem (wat fir den Trëntengerdall typesch ass), Äppel a Bierebeem, an et gëtt och eng Villfalt vu Blummen op de Wisen. Dës Mëschung gëtt dem Fréijoershunneg eng ganz hell Faarf an e cremege blimmelege Geschmaach. Mëtt bis Enn Mee ass de Fréijoershunneg bereet.

Ufank August ass och de méi häerzhaften, donkele Summerhunneg fäerdeg fir an d‘Glas.

BEE Frank

Hunneg + as eis aromatiséiert Spezialitéite wéi Kanéil, Chili a Kakaohunneg.

Hei fannt Dir eraus, wéi een Honig erëm flësseg mécht. Dëse Tipp mécht et einfach, an der Kichen ze experimentéieren, an dobäi d’virdeeleräich Eegeschaften vum Honig ze erhalen.

Eisen Hunneg ass zu 100% aus eegener Produktioun

Hunneg kafen

Dir kënnt eisen Hunneg zu Trënteng op Rendezvous ofhuelen. Schéckt eis dofir w.e.g. Är Ufro.

← Back

Är Bestellung gouf geschéckt

Warning
Warning
Warning
Warning.