

Moien, ech sinn de Fränk an ech hu virun e puer Joer meng Leidenschaft fir d’Imkere fonnt.
Zënter véier Joer sinn ech Beruffs Beienziichter. Weiderhin notzen ech awer de Räichtum un Erfarung vum Jos Guth, dee mech ugeléiert huet a féieren d’Zuucht vun de Beie mat vill Leidenschaft an Engagement weider.
D’Beienzuucht ass fir mech méi wéi nëmmen eng Aarbecht, well “am Schluss hues du keng Bei, mee D’Bei huet dech”.
Ech hu grousse Respekt fir d’Natur an d’Beie sinn ee ganz wichtegen Deel dovun. Leider ass eis Biodiversitéit vum Mënsch schonn därmoossen zerstéiert ginn, dass eis pelzeg Frënn net méi an der Natur vun sech aus iwwerliewe kennen. Et ass mir wichteg mech fir déi nohalteg an schounend Notzung vu de Ressourcen anzesetzen, an eise Beien an aneren Insekten, och mat klenge Gesten, de Liewensraum ze verbesseren.
D’Spezialiséierung vun eisem Betrib léit op der Zuucht vu F1 Kinniginnen. Meng Clientë sollen nëmme qualitativ héichwäerteg Kinniginnen hirem Vollek uvertrauen. Zousätzlech bidde mir och nei Vëlker an Hunneg un.
Fir Froen a Virschléi stinn ech gären zur Verfügung.
– Frank Thinnes