
Kinniginnen

Mir bidden Iech Buckfast Beiekinniginnen (F1) un, vun eiser eegener Zuuchtstatioun mat enger héijer Dicht vun ausgewielten Dronen.
D’Virfahre vun eise Beiekinniginnen aus der Zuucht geet op Kinniginnemammen zréck, déi am Kader vum Lëtzebuerger Zuuchtprogramm géint Varroa kënschtlech inseminéiert an intern selektionéiert goufen.
Déi ursprénglech Gene vun eise Beie stamen aus dem Brudder Adam senge Beien a goufen iwwer Joerzéngte vum Paul Jungels a Jos Guth weider raffinéiert a besonnesch op d’Varroa-Resistenz opgepasst, ouni hir gutt Qualitéiten ze vernoléissegen. D’Resultat ass besonnesch vital, upassungsfäeg, schwarmträg a léif Beie mat héijer VSH Resistenz.
Eis Verkaf vu Beienkinniginnen zu jee 40 € ass limitéiert – also bestellt esou fréi wéi méiglech fir datt mir genuch Zäit hunn fir ze plangen an ze preparéieren an Iech d’Beien-Kinniginne pünktlech kënne liwweren.
Liwwerung
Fir d’Kinniginnen ze verschécken, benotze mir speziell fir dësen Zweck entworfe Këschten, an deenen d’Kinnigin an e puer Begleederbeie mat genuch Iessen un Iech geschéckt gëtt. Fir d’Déieren ze schützen, wiele mir ausdrécklech Expressversand (15 € pro Liwwerung – gratis ab 350 € Bestellungswäert), fir datt de Stress sou niddereg wéi méiglech bleift an Dir gesond a monter Kinniginne kritt. Ier d’Kinniginne verschéckt ginn, gitt Dir e puer Deeg am Viraus per Telefon kontaktéiert fir de Liwwerdatum ze bestätegen.
Liwwerunge ginn an déi folgend Länner gemaach: Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Belsch. Aner Länner eventuell op Ufro. Ofhuelen op Rendezvous ass och méiglech.
Bestellformular Kinniginnen
Är Bestellung gouf geschéckt
Kinniginnenzellen

Mir bidde Buckfast Kinniginenzelle fir 9 € un.
Fir ze reservéieren, fëllt eis w.e.g. op mannst 7 Deeg am Viraus de Kontaktformular aus. Mir schécken Iech dann eng Bestätegung mat der méiglecher Unzuel un Zellen.
Pick-up Konditiounen
D’Zelle kënnen ëmmer Freides/Samschdes zu Trënteng ofgeholl ginn. Méi grouss Bestellunge kënne mat enger 2-3 Woche Virzäit op Rendezvous ofgeholl ginn. Den allgemengen Ausbrochdatum fir Kinniginnen ass den Dag drop.
Bestellformular Kinniginnenzellen
Är Bestellung gouf geschéckt
Nei Vëlker

Mir bidden Iech gutt gefëllten nei Vëlker (Buckfast) op 6 Wabe “Dadant Blatt” a verschiddene Präiskategorië jee no Saison un.
Kategorie A sinn Vëlker mat enger Kinnigin vum leschten Summer. Mat Hëllef vun 2-3 weideren Mëttelwänn an Hetzeschider, an e bëssen Flësseg-Fudder, sinn des Vëlker innerhalb vun wéinegen Wochen bereet fir Fréijors Ernte. Kategorie B sinn Vëlker fir d’nächst Joer.
KAT. A: Bis Mee
KAT. B: Vun Juli
210 €
190 €
Bestellt w.e.g. fréi am Viraus.
Pick-up Konditiounen
Bestellunge kënnen zu Trënteng op Rendezvous ofgeholl ginn. D’Vëlker ginn a Këschten, déi Dir matbréngt, geplënnert a kennen owes wann d’Beie ra sinn, zougemaach an heem transportéiert ginn. D‘Ableger- Këschte kënne fir zousätzlech Käschten matgeholl ginn (je no Zoustand tëscht 20 – 40 €). Dës Vëlker kënnen och moies op Rendez-vous ofgeholl ginn.
Mir roden dozou dës Vëlker op hirer neier Plaz an hiren alen Ableger-Boxen op d’mannst 3-4 Deeg fléien ze lossen. Eréischt duerno ginn d’Bienen an déi nei Këschten op der selwechter Plaz geplënnert.
Ofhängeg vum eisem Stock, gëtt et d’Méiglechkeet fir Rummen inklusiv Mettelwänn fir jee 6 € ze kafe fir d’Kolonien op voll Gréisst ze bréngen.